Mir soen alle Wielerinnen a Wieler déi ons hiert Vertraue geschenkt hun e grousse MERCI. Wéi an der Vergaangenheet wäerte mer och déi nächst Joren ons Bescht maachen, fir d’Gemeng Habscht an all hier Bierger.
aus der Sektioun
Résumé Wahlprogramm
No dem détailléierte Wahlprogramm gouf och e Resumé mat den Haapthemen un all Haushalt verdeelt. Selbstverständlech fannt dir de Resumé och hei op onsem Internetsite.
Onse Wahlprogramm
De Wahlprogramm mat onse konkrete Proposen fir déi nächst Jore gouf als Brochure un all Haushalt verdeelt! Dir fannt d’Brochure als pdf och hei um Site, genau wéi Texter obgedeelt op déi verschidden Kapitel. Mir wënschen Iech eng gudd an interessant Lecture!
Mir proposéieren Iech ons Kandidaten fir d’Gemengewahlen vum 8. Oktober 2017
Impressiounen vun der aussergeweinlecher Generalversammlung vum 14. Juni 2017: Bestëmme vun de Kandidaten fir d’Gemengewahlen
Ons Delegéiert um Nationalkongress zu Ettelbréck, den 25. Mäerz 2017
Impressiounen vun der Generalversammlung vum 22 Mäerz 2017
Léif Memberen a Sympathisanten, D’CSV Äischen-Habscht seet Iech Merci fir Är Präsenz op onser Generalversammlung an invitéiert Iech elo schonns häerzlech op ons kommend Virstellung vun der Kandidatelëscht fir d’Gemengewalen vum 8. Oktober 2017.
Generalversammlung 2017
Leif Memberen a Sympathisanten! Dir sidd häerzlech agelueden op ons uerdentlech Generalversammlung vum Joer 2016, déi den 22 Mäerz 2017 am Centre Polyvalent zu Habscht stattfënnt. Zeckt net Iech fir d’Hameschmier unzemellen, déi d’Sektioun no der Versammlung offréiert. Mir freeën ons op Äre Besuch
E puer Andréck vum Sektiouns-Banquet, de 6. Dezember 2016 am Restaurant “Aal Schoul” zu Habscht
AG 2016
Impressiounen vun onser Generalversammlung 2016. Merci un all déi, déi d’Zäit fonnt haten bei ons ze kommen !